Association professionnelle des chaineurs du cadastre et de la topographie
Duerch eng Iddi an e Virschlag vun 2 Chaîneurën vun der Kadasterverwaltung , di zur där Zäit als Délégégeierten vun de Chaîneurën täteg waren, ass am Joer 1996 d’Association Professionnelle des Chaîneurs du Cadastre et de la Topographie (APCCT) gegrënnt ginn.
D’Statute sinn dunn de 27.2.1996 deposéiert ginn. Den éischten Präsident war den Här Camille Würth. D’APCCT huet sech och direkt an der APFP affiléiert.
D’APCCT vertrëtt säit hirer Grënnung d’Intereeën vun hire Memberen an ënnerhält di moralesch an syndicalistesch Ënnerstëtzung. Seng Haaptattrtibutioun ass d’Dauerhaftëgkeet an de Fortbestand vun der Chaîneurskarriär ze versécheren.
Haut am Joer 2024 huet APCCT 13 aktiv Memberen an 4 pensionneiert Memberen. De Comité gesäit folgend aus:
THIES Serge
Präsident
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. Phone: 24754661
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
POZZACCHIO Patrick
Member
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
HOFFMANN Sven
Member
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Zu eisem Beruff
E Chaîneur (Messgehilfe) bei der Kadastervewaltung ënnerstëtzt Geometere bei der präziser Vermiessung an der Ofgrenzung vu Grondstécker. Seng Haaptaufgabe sinn d’Opriichten an d’Bedreiwe vu Miessgeräter, d’Ofstecke vu Grenzen a vu Grondstécker.
Virbereedung an archivéieren vun den Donnéeën an d’Ënnerhale vun der Ausrüstung. D’Aarbecht fënnt haaptsächlech dobausse statt a verlaangt technesch Kompetenzen, eng gutt Orientatioun, kierperlech Fitness a Teamgeescht. De Chaîneur dréit wesentlech zu geneeër Erfaassung an zur Gestioun vu Land- a Besëtzgrenze bäi, déi fir d’Aufgaben vum Kadaster wichteg sinn.