Skip to main content

Historique

Presidenten

05. Juli 2021 - Heute

Gilles Eckert

24. März 2017 - 04. Juli 2021

Pascal Wohl

16. März 1999 - 24. März 2017

André C.N. Friden

09. Abrëll 1994 - 16. März 1999

Jos Pelt

25. Februar 1959 - 09. Abrëll 1994

Raymond Bartholomey

06. Januar 1958 - 25. Februar 1959

Paul Kops

25. September 1952 - 06. Januar 1958

Nic Scheer

Historique

D’Association Professionnelle de la Fonction Publique ass eng vun deene groussen Ënnerorganisatiounen an der Confédération Générale de la Fonction Publique (CGFP) a vertrëtt do haaptsächlech Gewerkschaften aus der ënneschter Karriär vun der Fonction Publique. Och wa sech an de Statuten vun der APFP net op bestëmmte Karriäre beschränkt gëtt, esou gëtt sech net beméit Syndikater aus anere Karriären opzehuelen, wat se awer och net soll ausschléissen.

D’APFP ass de Moment eng Associatioun aus Gewerkschaften vun Handwierker aus alle Beräicher bis hin zu de paramedezinesche Beruffer, souwei Huissieren, Conciergen, Surveillanten, Chaineuren, Cantonnieren a Giischtercher. Et ass och nach ëmmer Plaz fir déi wou bis elo de Wee net fonnt hunn fir an d’APFP.

Wéinst der grousser Zuel vu verschiddenen Organisatiounen kann ee roueg soen datt d’APFP keng Gewerkschaft ass wéi eng aner. Si huet awer ëmmer hir Responsabilitéit iwwerholl wann et huet misse sinn, ob dat beim Streik géint d’Pensiounsreform war oder fir Stëmmen ze sammelen fir d’CGFP-Lëscht bei de Walen fir d’Beruffschamber. Op d’APFP ass ëmmer verlooss, an dat elo zënter 1952 a mat Sécherheet och an de nächste Joren.

Och wann et net ëmmer einfach ass berufflech verschidden Organisatiounen zesummen ze halen, esou ass et awer wichteg, datt kleng Gewerkschaften sech zesummen doen fir op e Matsproocherecht zréck gräifen ze kënnen.

D’APFP konnt bis elo ëmmer hire Beitrag zur Solidargemeinschaft bréngen, déi am Wandel vun der Zäit ëmmer erëm sozial Verbesserungen fir hir Memberen gefuerdert huet. An dat soll och weider de Fall sinn.