Historique

Historique

 

D’Association Professionnelle de la Fonction Publique ass eng vun dene groussen Ënnerorganisatiounen an der Confédération Générale de la Fonction Publique (CGFP) a vertrëtt do haaptsächlech Gewerkschaften aus der ënneschter Carrière vun der Fonction Publique. Och wa sech an de Statuten vun der APFP net op bestëmmte Carrière beschränkt gëtt, esou gëtt sech net beméit Syndicater aus anere Carrièren opzehuelen, wat se awer och net soll ausschléissen.

D’APFP ass de Moment eng Associatioun aus Gewerkschaften vun Handwierker aus alle Beräicher bis hin zu de paramedezinesche Beruffer, aus Huissieren a Conciergen an Surveillanten, aus Bréifdréier a Cantonnieren, Gischtecher an Douanieren. Et ass och nach ëmmer Plaatz fir déi wou bis elo de Wee net fonnt hunn fir an d’APFP.

Wéinst der grousser Zuel vu verschiddenen Organisatiounen kann ee roueg soen datt d’APFP keng Gewerkschaft ass wéi eng aner. Si huet awer ëmmer hir Responsabilitéit iwwerholl wann et huet misse sinn, ob dat beim Streik géint d’Pensiounsreform wor oder fir Stëmmen ze sammelen fir d’CGFP-Lëscht bei de Walen fir d’Beruffschamber. Op d’APFP ass ëmmer verlooss, an dat elo zënter 1952 a mat Sécherheet och an de nächste Joren.

Och wann et net ëmmer einfach ass berufflech verschidden Organisatiounen zesummen ze halen, esou ass et awer wichteg, datt kleng Gewerkschaften sech zesummen doen fir op e Matsprocherecht zréck gräifen ze kënnen. An dat notzt am Endeffekt ëmmer enger Dachorganisatioun wéi d’CGFP se ass an der Fonction Publique.

D’APFP konnt bis elo ëmmer hire Beitrag zur Solidargemeinschaft bréngen, déi am Wandel vun der Zäit ëmmer erëm sozial Verbesserongen fir hir Membren gefuedert huet. An dat soll och weider de Fall sinn.